Dat lescht Joer war keen Einfacht.

Op internationalem Plang hu mir misse materliewen, wéi nieft dem Krich an der Ukrain elo och e schreckleche Krich an der Gazasträif ausgebrach ass. Dobäi kommen nach aner Konflikter, ënnert anerem an der Sahelzon, am Sudan oder am Kongo. Millioune vu Mënschen op der ganzer Welt liewen also an dramatesche Situatiounen.
Och hei bei eis, zu Lëtzebuerg, war déi wirtschaftlech Situatioun fir vill Leit net ëmmer einfach – mat enger Energiekris an enger Inflatioun, nodeems mer grad eréischt aus enger Pandemie erauskomm waren.
An deene schwéieren Zäite wëll ech dowéinst nach eng Kéier ënnersträichen, wéi wichteg et ass, datt mir zu #Lëtzebuerg zesummenhalen an och weiderhin friddlech zesumme liewen – onofhängeg vun eisen Originnen, eisem Glawen oder eise politeschen Usiichten.
An deem Sënn, wënschen ech Iech all e schéinen #Nationalfeierdag.
(Autor: Xavier Bettel, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten)


Leave a comment